Aktuelles
WM-Wues aus Holland
Fir en neit Fussballfeld anzeséie brauch een tëscht 500 a 600 Kilo Grassom. Mee Gras ass nach laang net Gras. Dat gëtt engem séier kloer, wann ee mam Pieter de Bruijn iwwer seng Aarbecht schwätzt. Während et beim Gras fir d'Véi drëm geet, fir eng robust Graszort mat méiglechst vill Volume ze entwéckele fir e héije Rendement u Fudder ze hunn, huet d'perfekt Gras fir de Fussball ganz aner Eegenschaften. Eis Korrespondentin Claudia Hansen vun Amsterdam huet mam Direkter vun DLF iwwer d'Eegenschafte vum perfekte Fussballterrain geschwat. Déi dänesch-hollännesch Firma DLF huet sech nämlech ëm d'Gras an aacht vun den 12 Fussballstadione gekëmmert.