arrow_back_ios
Kultur
D'Ausstellungs-Commissairë vu Lët'z Arles
Um Enn seet sech dat esou einfach: bis den 23. September 2018 stellen déi Lëtzebuerger Foto-Kënschtler Laurianne Bixhain a Pasha Rafiy op der 49. Editioun vun de Rencontres de la Photographie d'Arles aus. Mee dohannert verstoppe sech eng Hellewull Demarchen, vill Organisatioun a Kommunikatioun. Doriwwer huet d'Kerstin Thalau mat den zwee Ausstellungs-Commissairë Michèle Walerich a Paul Di Felice zu Arles geschwat.