arrow_back_ios
Aktuelles
Pro Sud wëllt sech erweideren
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
De Gemengesyndikat Pro Sud, mat sengen eelef Südgemengen, ass op der Sich no neie Memberen. Véier Gemenge goufen an de leschte Wochen ugeschriwwen. D'Gemenge Leideleng an Dippech hunn eis matgedeelt, datt si net drun interesséiert wieren dem Gemengesyndikat bäizetrieden: béid Gemenge soen, si wéilten éischter mat Gemengen am Zentrum respektiv am Westen zesummeschaffen. Recken op der Mess a Réiser sinn awer eventuell interesséiert Member am Pro Sud ze ginn. D'Armanda Scheuer mat Detailer.