arrow_back_ios
Klassik aktuell
Moment musical
Et war ee lousen Editeur, deen de Begrëff "Moments musicaux" fir eng Suite vu Pianoswierker vum Franz Schubert erfonnt huet. De Genre huet schëtzeg Fouss gefaasst an der Musek an aner Komponiste wéi de Rachmaninow inspiréiert. Well et eigentlech keng genee Definitioun fir dës Form gëtt, bezitt ee Moment musical sech net nëmme méi op eng musikalesch Gattung, mee och op eng Concertsform - een agreabelen Ament mat der gudder Musek. An där kann een iwwer de Summer nees regelméisseg an der Paterekierch erliewen.