Konferenzen
Mitten unter uns - die Schicksalsgeschichte der Familie Juda
A sengem Virtrag versicht den Iechternacher Henri Juda dës fatal Joren um Beispill vu senger Familljegeschicht ze beliichten. Während seng zwou Groussmammen dem Holocaust zum Affer gefall sinn, huet seng Mamm Auschwitz iwwerlieft. Säi Papp konnt während de Krichsjore bei enger couragéierter Bauerefamill zu Beefort verstoppt ginn.
Mir héieren erstaunlech Geschichten, vum wirtschaftlechem Opstig, Feindschaften a Verrot, Ausgrenzung, Verdreiwung, Deportatioun an Ermordung, souwéi dem Versuch, an der Nokrichs-Gesellschaft en neit Liewen opzebauen, an der Reconciliatioun an am Vergiessen, wou och d'Verdrängen am Mëttelpunkt stoung. De Virtrag vum Henri Juda soll net ukloen, mä wëllt och bewosst onbequeme Froen net aus dem Wee goen.
Verschafft gouf de Virtrag vum Carlo Link.
Oberkapo vum Krankerevéier zu Ausschwitz, Orli Reicherts-Torgau (Wald), eng Kommunistin aus Tréier.
Den Henri Juda bei sengem Virtrag den 20. Februar am Trifolion zu Iechternach. © Willy Speicher