Konferenzen
Forum Z - MAI 68 - Entre mythe et fait social (1. Deel)
Am éischten Deel vum Forum Z den 9. Mee huet den Hans Reul a sengem Virtrag de Publikum op eng labber Manéier musikalesch an d'60er Joren zréckversat, mat Explikatiounen zu den eenzele Genren, wou bekannten a manner bekannte Musekstitelen net feelen duerften. Dat Ganzt am Kader vun der Ausstellung Échos luxembourgeois de Mai 68 an der Abtei Neimënster am Gronn. Mat der Contributioun vum Karikaturist Carlo Schneider.
De "Forum Z" gouf organiséiert vum C²DH, am Patenariat vum Nëimënster an dem radio 100,7 ënnert dem Label, "2018 Année Européenne du Patrimoine Culturel".
Den zweeten Deel vum Forum Z brénge mir muer, op Päischtméindeg, op der selwechter Plaz, selwecht Zäit. An engem Ronndëschgespréich diskutéieren Zäitzeien an Historiker iwwer dës Fro: Wat fir eng Auswierkungen hat de Mee '68 an Europa a besonnesch zu Lëtzebuerg?
Opgeholl a verschafft vum Carlo Link.
Hans Reul, Musekredakteur beim ëffentlech-rechtleche BRF (Belgischer Rundfunk) an der däitschsproocheger Communautéit an Ostbelgien zu Eupen. © Université du Luxembourg
Playlist zesummegestallt vum Hans Reul (Titel/Komponisten/Interpreten):
We shall overcome (Horton/Hamilton/Carawan/Seeger) Joan Baez
Blowin' in the Wind (B. Dylan) Bob Dylan
All along the Watchtower (B. Dylan) Jimi Hendrix
San Francisco (J. Philips) Scott McKenzie
Kick out the Jams (Davis/Kramer/Smith/Thompson/Tyner) MC5
Revolution (Lennon/McCartney) The Beatles
Street Fighting Man (Jagger/Richards) The Rolling Stones
The Unkwon soldier (Morrison) The Doors
Il est cinq heures, Paris s'éveille (Dutronc/Le Glou) Jacqueline Danno, alias "Vanessa Hachloum"
Crêve Saloppe (Sechan) Renaud > net editéiert <
Paris Mai (Nougaro/Louis) Claude Nougaro
Dem Morgenrot entgegen (Eildermann) Hein & Oss
Spiel nicht mit den Schmuddelkindern (Degenhardt) Franz Josef Degenhardt
Die erschröckliche Moritat des Kryptokommunisten (Süverkrüp) Dieter Süverkrüp
Poschette vun den deemolege (Singelen), 45 Tours Vinyl-Disken (Collage: Carlo Link)
© Carlo Schneider
Carlo Schneider © Université du Luxembourg
De "Forum Z", (Z fir Zäitgeschicht) ass eng ëffentlech Plattform fir kritesch an offen Diskussioun vun aktuelle Froen am Beräich vun der lëtzebuerger an europäescher Zäitgeschicht. Weider Informatiounen zum "Forum Z" vum 9. Mee 2018, repektiv zum C²DH, op: https://www.c2dh.uni.lu/fr