arrow_back_ios
Klassik aktuell
Les belles Dances
Ënner dem Titel "Les belles Dances" trëtt den Trio Lecuit-Spiridigliozzi-Tordini dësen Donneschdeg (28.6.2018) am Park vun der Villa Vauban op. Um Programm sti Stécker ënner anerem vun de Komponisten Piazolla, Villa-Lobos a Corelli, arrangéiert fir Gei, Akkordeon a Gittar.
De Luc Boentges schwätzt mam Maurizio Spiridigliozzi iwwer den Ensembel, seng Approche beim Arrangéieren an de Programm vum Concert, bei deem Danzen explizit erlaabt ass.