Konferenzen
Batty Weber neu gelesen
Am rezente Sammelband "Batty Weber - Werk und Wirkung" vun der Anne-Marie Millim gëtt den Zäitzeien, Beobachter, Intellektuellen a Schrëftsteller Batty Weber (1860-1940) virgestallt. Hie gouf virun allem bekannt als Historiker vum Alldag duerch seng Feuilletonserie "Abreisskalender", déi tëscht 1913 an 1940 an der liberaler Luxemburger Zeitung publizéiert gouf. Hei huet hien d'Lëtzebuerger Gesellschaft, Politik a Kultur a méi wéi 7.000 Texter beschriwwen a kommentéiert. Doriwwer eraus hat de Batty Weber och literaresch Wierker: Erzielungen, Novellen, Romaner an Theaterstécker verfaasst.
Hien huet och de Begrëff vun der Mischkultur, fir d'Lëtzebuerger Gesellschaft ze beschreiwen, an d'Welt gesat.
Am Virtrag "Batty Weber neu gelesen" liest de Schauspiller Germain Wagner Extraiten aus de literareschen a journalisteschen Texter vum Auteur.
D'Anne-Marie Millim ass Dozentin fir Anglistik op der Uni Lëtzebuerg © CNL
Opgeholl de 4. Oktober 2017 am Centre national de littérature (CNL) zu Miersch a verschafft
vum Carlo Link.
Sammelband: "Batty Weber Werk und Wirkung" vum Anne-Marie Millim 2017. Coverzeechnung: Anne Mélan.