Kultur
De Raiberkinnek
D'Schoulkanner aus den Zyklen 3 a 4 vu Biekerech dierfte lues awer sécher liicht opgereegt a wibbeleg ginn. Muer an iwwermuer ass et esouwäit, dann ass d'Première vun hirem Musical "De Raiberkinnek", dat si elo an de leschte Méint mat vill Enthusiasmus a Begeeschterung preparéiert hunn. Mee net nëmme Kanner hu bei dësem Projet intensiv matgeschafft. Mee och d'Gemengeservicer. d'Elteren, Frënn a Bekannter. Et war eng gelleg Gemeinschaftsaarbecht. "De Raiberkinnek" ass elo muer (27.6.) den Owend an den en Donneschdeg (28.6.) den Owend all kéiers um hallwer aacht owes am Centre Nic. Bossler zu Biekerech ze gesinn.