arrow_back_ios
Kultur
Servais Präis: Nico Helminger nees ausgezeechent
Den Nico Helminger krut gëschter am nationale Literatur Zenter zu Miersch de Servais Präis iwwerreecht fir säi Roman "Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge", dee bei den Editions Guy Binsfeld erauskoum. Bei der Präisiwwerreechung huet den Nico Helminger a senger Ried de Stellewäert vun der Literatur ugeschwat zu enger Zäit, wou vill Leit keng Zäit méi hätten, oder sech keng Zäit méi huele géifen, fir ze liesen. De Pierre Reyland mat Detailer.