arrow_back_ios
Aktuelles
Kritik vu Chambre de Commerce zu Mini-Crèchen
Duerch déi geplangte sougenannte Mini-Crèchë kéint d'Qualitéit vun der Kannerbetreiung riskéieren, sech ze verschlechteren, respektiv d'Betreiung op ënnerschiddleche Vitesse lafen. An d'Konkurrenz mat anere Crèchen, déi schonn existéieren, kéint sech verzerren. Dat schreift d'Handelskammer an hirem Avis zum Gesetzprojet. De Rapporter vum Text, den DP-Deputéierte Gilles Baum, kann déi Kritiken awer net novollzéien. D'Paule Rodesch informéiert.