Radioen

On air

Notturno  |  Maka Mc - Balkonien Feat. David Fluit

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

Release vun der Woch: Marduk - Viktoria (8/10)

Am extreme Metal gëtt gär provozéiert, dat ass kee Geheimnis an dat ass och net nei. A sou ass dat och nees de Fall mam neien Album vun der schwedescher Black Metal Kultband Marduk. Um Cover vu Viktoria, deen d'nächst Woch e Freideg erauskënnt, ass en Zaldot - wahrscheinlech vun der Wehrmacht - a ganz simplisteschem Stil duergestallt, provokativ an de Faarwe schwaarz-wäiss-rout an de Release Datum fält mengen ech och net nëmmen duerch Zoufall op den 22. Juni, also op den Dag genee 77 Joer nom Ufank vum "Unternehmen Barbarossa", den deemoolegen Iwwerfall vun der Wehrmacht op d'Sovietunioun. An och d'Titele vun de Lidder, wéi z. B. Werwolf, wëssen ze provozéieren, ass dat dach den Numm vum Heinrich Himmler senger Ënnergrondbeweegung um Enn vum 2. Weltkrich. Den Album trieft deemno nëmme sou vun Nazi Symbolismus an et ass direkt kloer, ëm wat et um Album geet: Den 2. Weltkrich.

An där Hinsicht bleift sech d'Band ronderëm de Bandleader Morgan Steinmeyer Hakansson also trei. Thematesch ass Viktoria deemno eng Weiderféierung vun hirem leschten Album Frontschwein, ma a Punkto Musek schloe Marduk op dësem Album awer eng liicht aner Richtung an, wéi ee schonn un der éischter, extrem punkeger Single Werwolf erkenne konnt.

An un där konnt ee schonn erkennen, dass Marduk dës Kéier eng extrem minimalistesch Approche gewielt hunn, an - vun de kuerzen Introe vun den zwee leschte Songs The Devil's Song a Silent Night mol ofgesinn - och komplett op Samples verzichten. Doriwwer eraus ass och d'Produktioun extrem schnörkelfräi, dréchen a réi.

Rihteg Hits gëtt et net, dofir sinn d'Stécker all richteg eekleg gro a wonnerbar eendimensional, esou wéi et immens gutt op engem Black Metal Album mat dëser Thematik passt. Dozou käicht de Sänger Mortuus eng Zeil no der anerer, während de Gittarist Morgan Steinmeyer Hakansson nees seng chrakteristesch karg Tremoloen a Melodie liwwert, déi allebéid mat hirer Aart a Weis de Krich op eng exzellent Manéier erëmspigelen.



Doriwwer eraus gëtt dat klassescht Arsenal u Riffer erweidert duerch schleefend Mid-Tempo Stécker, déi trotz der Eendimensionalitéit fir genuch Ofwiesslung suergen.

Alles an allem si Marduk hei e Krack méi puristesch virgaangen, ma Viktoria kléngt ëmmer nach no 100% Marduk. D'Songs sinn nämlech ëmmer nach all gläichzäiteg prägnant, agängeg, brutal a simpel, esou wéi een dat vu Marduk gewinnt ass.

Et wäert sécher nees eng Parti Leit ginn, déi d'Thematik net OK fannen, déi d'Band sech dës Kéier erausgesicht huet. Ma an der Konscht gëtt et bei all Wierk bekanntlech een immensen Interpretatiounsspillraum, an do ass Marduk keng Ausnam. A wann d'Band och net erkläert, ëm wat et hinnen da genee geet, wa se Nazi Symbolik an hirer Musek benotzen, sou hu si sech dach als Band scho ganz kloer erkläert hunn, dass si an hiren Texter Relioun a Geschicht thematiséieren, net méi an net manner; an dass si weder eng politeschen nach eng ideologeschen Agenda hunn.

Doriwwer eraus ass et och e gewalteschen Ënerscheed, ob een a sengen Texter kloer zu enger Ideologie Stellung bezitt, oder geschitlech Evenementer an engem kënschtleresche Kader erëmgett.

Fest steet just, dass Marduk et mat dëser Aart a Weis nees gepackt hunn, ze provozéieren, an domat och e bësse méi Pubilcity ze maachen, fir hiren neien Album ze promoten.

Playlist

Celtic Frost - A Dying God Coming Into Human Flesh

Blitzkrieg - Angels Or Demons

Dee Snider - Tomorrow's No Concern

DevilDriver - Ghost Riders In The Sky

ASG - Execution Thirst

Obscura - Emergent Evolution

Marduk - Werwolf

Lizzy Borden - The Scar Across My Heart

The Night Flight Orchestra - Lovers In The Rain

Candlemass - House Of Doom

Lost In Pain - Gold Hunters

Fusion Bomb - Burlesque Shootout

Episoden