arrow_back_ios
Aktuelles
OPEC-Sommet zu Wien
Zu Wien kommen haut d'OPEC-Staaten zesummen, fir iwwer den zukünftegen Niveau vun der weltwäiter Pëtrolsproduktioun ze diskutéieren. D'OPEC ass e Kartell vun Ueleg-exportéierende Länner. Och Petrollsexportateuren, déi net Member vun der OPEC sinn, wei zum Beispill Russland, kommen e Samschden an enger vergréisserter Ronn dobäi. D'Interesse vun de verschiddene Pëtrolsexportateure léien awer wäit auserneen.