arrow_back_ios
Blue Note
Pit Huberty / John Wolter: Drums!
D'Lëtzebuerger Jazzzeen huet sech déi lescht Joren net nëmmen national, mee och international an de Virdergrond gespillt. Eng sëllechen exzellent Batteuren hunn dobäi eng wichteg Roll gespillt: Paul Wiltgen, Benoît Martiny, Nils Engel ... d'Lëscht léisst sech belibeg erweideren. Mee wéi gesäit et mat der neier Generatioun aus? D'Releve steet schonn an de Startlächer mam Pit Huberty an dem John Wolter, allen zwee Bachelor Studenten op auslänneschen Jazzconservatoiren. E Portrait vum Jeff Herr.