arrow_back_ios
Klassik aktuell
Opgewullt a festlech
"De falschen Hond" ass sonner Zweiwel déi bekanntst Filmmusek, déi de Jacques Neuen geschriwwen huet. Musek fir ze illustréieren, fir ze begleeden an ze ënnermolen - dat ass fir de Jacques Neuen e bekannten Terrain. Nodeems hie schonn emol och Musek fir d'Freedefeier geschriwwen huet, ass iwwermuer Freideg, um Virowend vun Nationalfeierdag, erëm eng Kompositioun vum Jacques Neuen beim Schlusspunkt vun de Feierlechkeeten ze héieren. "Violences" ass déi dräideeleg Kompositioun iwwerschriwwen.