arrow_back_ios
Aktuelles
Policereform gouf gestëmmt
D'Policereform gouf gëschter mat de Stëmme vun de Majoritéitsparteien ugeholl. Am Mëttelpunkt vun där Reform sti fënnef Voleten, ënner anerem déi territorial Reorganisatioun, d'Zesummeleeë vu Kommissariater, d'Aféiere vun neie Carrièren oder nach d'Reorganisatioun vun der Police judiciaire. D'Poliziste kréien iwwer d'Gesetz iwwerdeems nei Mëttel fir d'Sécherheet ze garantéieren am Fall vun enger imminenter Gefor. D'Carole Schimmer informéiert.