Klassik aktuell
Eng Traditioun weiderentwéckelen
Zanter dem 1. Janaur 2018 ass den Tobias Scharfenberger neien Intendant vum MoselMusikfestival. En iwwerhëlt d'Successioun vum Hermann Lewen, deen d'Manifestatioun zu dem bedeitendste Summerfestival an der Groussregioun entwéckelt huet. Den Tobias Scharfenberger kennt déi lokal a regional Musekszeen ganz gutt. Den Operesänger war 2015 als Stellvertrieder vum Tréierer Theaterdirekter engagéiert ginn an ass dunn 2017 an d'Equipe vum MoselMusikfestival eriwwer gewiesselt. Mat der Matthäus-Passioun start den Tobias Scharfenberger den 13. Juli a seng éischt Saison als neien Intendant.