Invité:e vum Dag
Jean-Nico Pierre & René Meneghetti
Nationale Statistiken no ass de problematesche Konsum vun illegalen Drogen zu Lëtzebuerg réckleefeg. Gläichzäiteg geet d'Zuel an d'Luucht vun Drogekonsumenten, déi an engem Traitement sinn oder déi sech un eng Berodungs- an Hëllefsstruktur wennen. 2016 gouf et dem nationalen Drogerapport no 150.000 esou Kontakter. Invité vum Dag sinn de Jean-Nico Pierre an de René Meneghetti vum Suchtverband Lëtzebuerg. D'Daachorganisatioun vun den Associatiounen, déi am Suchtberäich aktiv sinn, huet eng ganz Partie Fuerderungen un d'Politik. D'Mick Entringer féiert duerch d'Gespréich.