arrow_back_ios
Aktuelles
D'Auslänner sinn eng Chance fir Lëtzebuerg
D'Auslänner sinn eng Chance fir Lëtzebuerg. Där Meenung waren alleguerten d'Parteien gëschter Owend op engem Ronndëschgespréich zum Thema Migratiounspolitik, véier Méint virun de Chamberwahlen. Invitéiert hat Auslännerassociatioun ASTI. Oneens ware sech D'LSAP, déi gréng, d'CSV, d'ADR, déi Lénk an d'DP wat déi automatesch Aschreiwung vun Net-Lëtzebuerger bei de Gemengewahlen ugeet a bei der Regularisatioun vun illegalen Awanderer. D'Maxi Pesch informéiert.