Radioen

On air

Notturno  |  Hand Habits - Private Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

Kataklysm

Release vun der Woch: Kataklysm - Meditations (7/10)



Se sinn eigentlech weltwäit bekannt, ma se sinn awer ni esou erfollegräich ginn, wéi aner Death Metal Bands, och wa se eigentlech ëmmer konsequent a brutal bliwwe sinn. Vläicht ënnert anerem dowéinst, well Kataklysm sech ni un e bestëmmtent Muster oder un de Standard vum Death Metal gehalen hunn, an alt och dacks ronderëm experimentéieren. Esou och nees op hirem neisten Album Meditations, dee gëschter erauskomm ass, op deem d'Kanadier sech zimlech offensichtlech um 90er Groove Metal à la Soulfly a Fear Factory orientéieren.

An dëse Sound ass e modernen Hybrid, mat deem d'Band eigentlech zënter de fréieren 2000er experimentéieren, an deen der Band och eigentlech ganz gutt zu Gesiicht steet, mol méi mol manner erfollegräich. Meditations ass dobäi en Album, ob deem dat ganz gutt klappt. Wat déi bekannt "Northern Hyperblasts" ugeet, déi d'Band erfonnt huet, gëtt et op dësem Album och, allerdéngs just hei an do, wou se ebe grad passen. De brutalen Opener Guillotine an den immens groovegen Track Outsider schreiwen dobäi den Toun fir den Album vir, iert den Album an ee spannende Rausch vun extrem präzisen an techneschen Thrash Hymnen opgeet, déi duerch raffinéiert Melodeath Melancholie ënnermoolt sinn.

Wat dësen Album och ausmécht ass de Songwriting, deen dach awer relativ verschachtelt wierkt, an dass u sech einfach immens vill lass ass; wat dem Album e liicht progressiven Touch gëtt. Doduerch di sech verschidde Stécker méi schwéier, fir am Ouer ze bleiwen, mä dat ass - ähnlech wéi beim aktuellen At The Gates Album - net onbedéngt eppes negatives.

Playlist

Annihilator - Allison Hell

Thorium - Whispers From The Grave

Candlemass - House Of Doom

Powerwolf - Demons Are A Girl's Best Friend

OTEP - To The Gallows

Nervosa - Kill The Silence

Kataklysm - Guillotine

Carrion - In The End, There Is Only Death

Harm's Way - Last Man

Gruesome - Fatal Illusions

Episoden