Radioen

On air

Notturno  |  Maka Mc - Balkonien Feat. David Fluit

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Anneke Van Griersbergen

Anneke Van Griersbergen

Vuur

An den 90er war et mat The Gathering grouss erauskomm; nodeems et Mëtt vun edn 2000er d'Band verlooss huet fir sech op Famill an aner, méi relaxe Projeten ze konzentréieren, ass d'Anneke van Griersbergen elo nees mat engem méi heavy Projet zréck. Vuur nennt sech déi nei Band an d'Musek, déi se maachen, kann een als djentege Prog bezeechnen, dee ferm vum Devin Townsend beaflosst ass. Am Gespréich mam Anneke hunn ech probéiert erauszefannen, wéi et dann dozou komm ass, dass et lo nees Bock op heavy huet, wéi eng Roll den devin a sengem musikalesche Liewe spillt an op et eventuell Loscht hätt mam Mikael Akerfeldt vun Opeth zesummenzeschaffen.

Release vun der Woch: Amorphis - Queen Of Time (9/10)

Kaum eng aner Band kléngt no 28 Joer nodeems se gegrënnt gouf nach sou frësch wéi Amorphis. Zënter dem Ufank vun der Ära mam aktuelle Sänger Tomi Joutsen am Joer 2005 erliewen d'Finnen hiert zweet Fréijoer a liwweren zouverlässeg ëmmer nees nei Meilesteng. Mat Queen Of Time, dem Nofolger vum kommerziell erfollegräichen Under The Red Cloud, setzt d'Melodic Death Metal Band alt nees een drop.

Wéi gewinnt leeën Amorphis dobäi vill Wäert op Detailer an op hire melancholeschen finnesch-arabesche Sound, dem Tomi Joutsen säi souveränt Gesangs- a Growl Organ, sou wéi op dem Esa Holopainnen sech schrecklech memorabel Gittar-Riffer, déi dofir suergen, dass quasi all Stéck sech direkt wéi e Klassiker ufillt.

Alles also bekannt Elementer, an awer kléngt den 13. Album vun de Finnen extrem frësch, wat ënnert anerem wuel och un de Chouer- an Orchesterpassage läit, déi - esouwäit ech d'Band kennen - nei dobäi komm sinn, a sech exzellent an d'Bild vun der Band gegoss hunn.



Wann ee vun neien Elementer schwätzt, muss een natierlech och den Titel Daughter Of Hate erwähnen, deen ee mat engem Saxophon-Solo iwwerrascht.

Ech hunn et net nogelies, mä ech huele mol un, dass hei de Jorgen Munkby vun der Blackjazz band Shining um Wierk war, deen ass den Ament bei ville verschiddene Museker als Gaascht-Saxophonist ze héieren..

Op där eng oder anerer Plaz wierken Amorphis allerdéngs scho bal ze vill verspillt.. Ma wierklech schlëmm ass dat net, an och soss huet d'Band sech absolut näischt virzewerfen. Op der et elo déi hitverdächteg Ourewierm wéi Wrong Direction sinn, epesch Death Metal Hymnen à la Pyres On The Coast oder komplex Stécker wéi The Bee sinn - Amorphis schreiwe Melodien, déi am Kapp bleiwen, an den Nolauschterer mat enger extrem facetteräicher Palette un Emotiounen begeeschteren.

Zouginn, Amorphis kléngen an der Lescht extrem poppeg a kommerziell, ma am Géigesaz zu z. B. In Flames ass d'Musek awer grandious bliwwen. Mat Queen Of Time hunn Amorphis alt nees eng perfekt Mëschung aus Innovatioun an der eegener Identitéit geschaf, e perfekte Mix aus klasseschem Melodeath a kommerziellem Hit-Songwriting.

Playlist

Unleashed - If They Had Eyes

Nothing - Zero Day

Vuur - MY Champion - Berlin

Obscura - Diluvium

Necroart - Mastodon Rising

Tomb Of Finland - Funeral Pyre

Amorphis - Amongst Stars

Volbeat - I Only Wanna Be With You

Episoden