arrow_back_ios
Aktuelles
Visite um Chantier vum neie Stadion
Wien um Stater Contournement ënnerwee ass, gesäit op der Héicht vun der Kockelscheier, datt et nawell gutt virugeet, um Chantier vum nationale Futtball- a Rugby-Stadion. D'Aarbechte sinn nach ëmmer am Timing, och wann am Wanter e bëssen Zäit verluer gaangen ass. D'Zil, bis Enn 2019 fäerdeg ze ginn, ass awer nach ëmmer realistesch. De leschte Mëttwoch haten d'Stater Buergermeeschtesch an de Sportminister op eng Visite vum Chantienr invitéiert. De Maurice Molitor war dohin.