Kultur
Fussballspiller als Miniaturkonschtwierker
D'Fussballe-Equippe vun der WM 2018 kann een am Schwäizer Tschutti Heftli sammelen. Op de 84 Säiten vum Tschutti Heftli fënnt een iwwer 500 kleng Konschtwierker. Et ass e Sammelalbum mat alle Fussballisten, déi a Russland mat bei der Fussballweltmeeschterschaft derbäi sinn. Dësem Album kann een och als artistesch a karitativ Alternativ zum traditionellen a kommerzielle Panini-Album gesinn. Déi 32 Equippen, déi an a Russland bei der WM sinn a sech ëm d'Weltmeeschterkroun 2018 beméien, goufe vun 32 Artisten an 32 verschidden Techniken duergestallt. De Jean Claude Majerus mat weideren Detailer.