Aktuelles
Blockchain, Fintech & Co.
Lëtzebuerg ka vill gewannen duerch d'Méiglechkeete vun der Blockchain-Technologie, huet d'CSV rezent festgestallt. Dowéinst huet d'Oppositiounspartei d'Regierung opgefuerdert hir Efforten an dësem Beräich ze verstäerken. D'CSV huet dorun erënnert, datt Blockchain d'Capacitéit hätt, fir de Finanzsecteur ze revolutionéieren.
An dësem Kontext stoung den Finanzminister Pierre Gramegna (DP) der Chamber-Finanz- a Budgets-Kommissioun viru Kuerzem Ried an Äntwert zum Thema Blockchain, also dem speziellen Datebank-System fir sécher an transparent Transaktiounen am Internet. Detailer vum Serge Kesseler.