arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Claude Metzdorf
E Méindeg war den 1. Spuetestéch fir de Bau vun enger neier Produktiounslinn bei DuPont zu Conter. Vun 2021 soll do Tyvek produzéiert ginn, e Vliesstoff aus Polyethylen, deen extrem strapazéierfäeg ass. Am Fong esou eppes wéi Pabeier, deen net räisst. D'Lëtzebuerger Wierk vun DuPont ass op d'Produktioun vun deem Stoff spezialiséiert. Déi nei Linn gëtt schonn déi drëtt Tyvek-Linn um Site. De Maurice Molitor schwätzt mam Claude Metzdorf vun DuPont iwwer deen 340-Milliounen-Invest, duerch deen 120 nei Aarbechtsplaze wäerte geschaaf ginn.