arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Jean Ehret
De leschte Freideg ass eng Konventioun ënnerschriwwe ginn, an där de Staat dem Centre Jean XXIII - Grand Séminaire fir den Zäitraum vun 2018 bis 2021 eng finanziell Contributioun vun all Joers 615.000 Euro zouseet. Am Gespréich mam Maurice Molitor erkläert de Jean Ehret, Direkter vun der Luxembourg School of Religion & Society am Centre Jean XXIII, wat mat deene Sue geschitt, wéi eng Formatiounen a sengem Haus ugebuede ginn a wat u Recherche-Aktivitéite leeft respektiv geplangt ass.