arrow_back_ios
Aktuelles
Mesurë géint extrem Wieder-Evenementer
60 bis 80 Liter Ree sinn an der Nuecht op e Freideg a kierzester Zäit lokal gefall, esou d'Waasserverwaltung. Donnerwiedere mat schroe Konsequenze wéi déi am Mëllerdall an op anere Plazen am Land, wieren awer immens schwéier virauszegesinn.
Den Directeur adjoint vun der Administration de la gestion de l'eau Luc Zwank schwätzt vun enger ganz ongewinnter Wiederlag, déi zu extrem héije Reequantitéite gefouert hätt. Detailer vum Serge Kesseler.