arrow_back_ios
Klassik aktuell
Nom Mozart de franséische Repertoire
Den Zoufall vum Kalenner wëll et, dat den 100. Gebuertsdag vum Claude Debussy an d'Nominatioun vum Quatuor van Kuijk als " Rising Star " zesumme falen. Ausgerechent elo huet déi nach relative jonk Formatioun - si huet sech 2012 gegrënnt - een Disque mat Musek vu franséische Komponisten erausbruecht - dorënner och de Claude Debussy. Iwwermuer (6.6.2018) ass de Quatuor van Kuijk an der Philharmonie.