Kultur
Mënschenexperimenter op der "Reichsuniversitéit" Strossbuerg
Op der däitsch-franséischer Kulturtelevisiounschaine ARTE ass moar den Owend um Véirel bis 10 den Documentaire "Forschung und Verbrechen" vun der Realisatrice Kirsten Esch ze gesinn. E Film an deem e ganz däischtert Kapitel an der Geschicht vun der Universitéit vu Stroossbuerg retracéiert gëtt. An zwar geet et ëm Mënschenexperimenter déi Nazi-Dokteren zu Stroossbuerg duerchgefouert hunn, an en plus ass et fir Realisatrice och eng ganz perséinlech Sich no Äntwerten: Der Kirsten Esch hiren Grousspapp Johannes Stein war am zweete Krich Dekan vun der medezinescher Fakultéit vun der deemools "Reichsuniversität" Stroossbuerg.