Kultur
E verspillte Schrëftsteller mat vill Fantasie
Et ass am Fong eng Ironie. Dës Woch si mer jo an eise Géigende mat nawell zolitte Donnerwiedere geplot. An et soll ee jo bei deene schroen Dimmer am beschten net virun Dier goen. Mä hätt den éisträichesch-ungareschen Dramatiker, Dichter a Schrëftsteller Ödön von Horvath sech genee dat vru 80 Joer och zu Häerz geholl. Et sinn haut op den Dag 80 Joer hir datt den Ödön von Horvath gestuerwen ass, de 1 Juni 1938 gouf hien zu Paräis op de Champs Elysées während engem Donnerwieder wou de Blëtz an e Bam geschloen huet, vun engem Aascht, deen erof gefall ass, erschloen. A mat knapp 27 Joer ass deen Dag een vun de bedeitendste Schrëftsteller vum 20 Joerhonnert gestuerwen.