arrow_back_ios
Key to Classics
Fantasia
Alldagsevenementer, Naturschauspiller oder Schluechten - Komponiste souzen net nëmmen an hirer Stiffchen an hunn iwwer Noute gebruckt, déi aus hirem déifste Banneschte koumen. Si hunn och op Evenementer an der Welt reagéiert a Wierker geschriwwen, déi eng besonnesch staark illustrativ Kraaft haten, well se probéiert hunn, mat Téin d'Realitéit nozezeechnen. Dorausser huet sech am 19. Joerhonnert de Genre vun der Programmmusek entwéckelt.