Kultur
Relations: The Nassaus and Luxembourg
Entstanen ass d´Ausstellung "Relations: The Nassaus and Luxembourg" am Kader vun der Staatsvisitt vum hollännesche Kinnek. Vun 1815 bis 1890 waren déi hollännesch Kinneke gläichzäiteg och d´Grand-Duce vu Lëtzebuerg an bis haut gesinn sech den hollännesche Kinnek an de lëtzebuergesche Groussherzog nach ëmmer als Membere vun der selwechter grousser Famill. D´Ausstellungsstécker, dorënner Akten, Fotoen, Korrespondenzen an Traitéë - vir der just puer ze nennen, sinn aus der Kollektioun vu béiden Haiser. D´Ausstellung ass nach bis den den 19. August am Veianer Schlass ze gesinn