Kultur
De Mozart vun de Champs Elysées
Wann der de Numm vum däitsch-franséischen Komponist Jacques Offenbach héiert, da kënnt Iech sécher als éischt de "Cancan" aus dem Offenbach senger Opéra bouffe "Orphée aux enfers" an de Kapp, oder seng fantastesch Oper "Les contes d'Hoffmann" Abee de Jacques Offenbach steet vu moar den Owend un am Mëttelpunkt vum neie Spektakel vum Théâtre Ouvert Luxembourg "La petite fabrique des notes", ee liichten an amusanten musikalesch-theatraleschen Owend an enger Mise en scène vum Isabelle Bonillo mat op der Bühn dem Colette Kieffer an dem Jean Hilger.