arrow_back_ios
Kultur
E Mathematiker am Kongo an am Ruanda
Jorelaang war hien ee vun de véier eenzegen auslännesche Journalisten, déi am Krich am Kongo bliwwe sinn, fir d'Welt iwwer all déi Grugelegkeeten z'informéieren. A sengem Buch Kinshasa jusqu'au cou beschreift hien seng Erliefnisser am Kongo. Duerno war Ruanda säin Zil an datt hien do net op eng demokratesch Regierung getraff ass, beschreift de jonken Anjan Sundaram a sengem leschte Wierk: Bad News. D'Valerija Berdi ass dem engagéierten Mathematiker ze Saint Malo begéint. Am éischten Deel gëtt d'Zäit am Kongo thematiséiert.