arrow_back_ios
Kultur
"Flux Feelings": vun Arles op Lëtzebuerg
Eng 30 Fotografen hu Lëtzebuerg 2017 eng éischte Kéier um wichtege Fotofestival "Les Rencontres d'Arles" vertrueden. Ënnert dem Titel "Flux Feelings" hunn si dohannen an der Chapelle de la Charité ausgestallt. An zwar Fotoaarbechten zum Thema "Identitéiten an Territoire". 10 Méint drop ass d'Expo "Flux Feelings" am Cercle Cité op der Plëss ukomm. D'Kerstin Thalau huet do verschidde Fotografen an d'Commissaire begéint.