arrow_back_ios
Aktuelles
Wéi gi mëttelstänneg Entreprisë mam Thema Dateschutz ëm?
Haut trëtt dat neit Europäesch Dateschutzreglement a Kraaft. Et bréngt dem Konsument méi Rechter wat den Ëmgang mat senge perséinlechen Date betrëfft. Fir Entreprisë bedeit dat neit Reglement méi Aarbecht a Verflichtungen. Wéi gi kleng- a mëttelstänneg Entreprisen zu Lëtzebuerg mam Thema Dateschutz ëm? De Chris Zeien huet bäi zwou Entreprisen nogefrot.