Kultur
Ironie a Satir nieft surrealer a realistecher Präzisioun
Dem Schwäizer Auteur Urs Widmer säi Wierk gehéiert zu der grousser Literatur, an et kann een hien ouni Zweiwel gläichsetzen mat den zwee aneren renomméierten Schwäizer Schreiwerten Max Frisch an Friedrich Dürrenmatt. Den Urs Widmer war zanter ugangs den 90er Joer e renomméierten Auteur, an e wär dat deemools och ginn, wann de "Literatur-Poopst" Marcel Reich-Ranicki dem Widmer säi Wierk "Der blaue Siphon" op der Televisioun virun engem Milliounepublikum net an den Himmel gelueft hätt. De Reich-Ranicki sot deemools iwwert dem Widmer säi Buch: "Dat muss een einfach liesen". De groussen Schwäizer Schrëftsteller Urs Widmer wär 80 Joer ale ginn, en ass awer am Abrëll 2014 am Alter vu 75 Joer gestuerwen.