arrow_back_ios
Kultur
Néckel Scholtus weist "in situ" am khn
"In situ" bedeit "op der Plaz selwer". D'Foto-Kënschtlerin Néckel Scholtus, Joergang 1982, huet e Faibel fir "in situ". Bedeit: si schafft gäre mat Bezuch zu enger Plaz, am léifsten installéiert si sech mat der Roulotte souzesoen an hirem fotografesche Projet. "In situ" heescht dann och hier aktuell Ausstellung am Kulturhaus zu Nidderanven. D'Kerstin Thalau ass vun der Fotografin gewuer ginn, datt ausgerechent dës Expo um Enn manner "in situ" entstanen ass wéi geplangt.