arrow_back_ios
Kultur
US-Kënschtler Robert Indiana mat 89 Joer gestuerwen
Seng "LOVE"-Skulpturen hunn hie weltbekannt gemaach. Elo ass den US-Kënschtler Robert Indiana am Alter vun 89 Joer a sengem Haus am US-Staat Maine gestuerwen. Dat huet op alle Fall gëscht d'New York Times gemellt a sech op dem Indiana säin Affekot beruff. De Robert Indiana, gebuer am Hierscht 1928, war ee vun den Haaptvertrieder vun der Pop Art an der Signalkonscht. Explicatioune Kerstin Thalau.