Konferenzen
E musikalesch-litteraresche Galopp
Vum Kannerlidd [Hopp hopp hopp Pferdchen lauf Galopp] a Vollekslidd [Hoch auf dem gelben Wagen] - vu Kawalleri-Märsch [Fehrbelliner Reitermarsch / Marsch der Finnländischen Reiterei] a Galoppmärsch an der Operett [Die leichte Kavallerie, Franz von Suppé] - vu Concertoen a Symphonië ronderëm d'Juegd zu Päerd - vum Lied [Franz Schubert: "Der Erlkönig" vum Goethe] a Chanson [Hanns Eisler: "Ein Pferd klagt an" vum Brecht] - vu Musek fir de Piano [Franz Liszt: Grand galop chromatique] bis an d'Oper [Richard Wagner: Die Walküre] an alle musekalesche Genren fanne mir Biddien.
Tëschen de Museke ginn eescht a spaasseg Gedichter a Prosatexter iwwer Päerd gelies. D'Emissioun ass e musikalesch-litterareschen Hommage un dëst nobelt Déier vum Mars Klein.