arrow_back_ios
Aktuelles
Reform vum Notariat
EU-Bierger sollen an Zukunft hei am Land als Notaire kënne schaffen, wa si gewëss Konditiounen erfëllen. Dat gesäit déi geplangt Reform vum Notariat vir, déi de grénge Justizminister Felix Braz gëschter presentéiert huet. De Gesetzprojet dréit enger Jurisprudenz vum europäesche Geriichtshaff Rechenschaft, datt d'Conditioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit, fir hei als Notaire kënnen ze schaffen, géint EU-Recht géif verstoussen.