arrow_back_ios
Kultur
Nei Kollaboratioun tëscht CNA an Technoport
2018 ass "Année européenne du Patrimoine culturel". Zu eisem kulturellen Ierwen gehéieren net just Gebaier a Monumenter, mee och dokumentarescht Bildmaterial, also Fotoen a Filmer. Déi gi vum Centre national de l'Audiovisuel, kuerz CNA, zu Diddeléng, konservéiert, archivéiert an -wann néideg- restauréiert. Dëse Fong ass do fir gekuckt a gebraucht ze ginn. Fir dëse Message besser eriwwer ze bréngen, geet de CNA elo nei Weeër. Explicatioune Kerstin Thalau.