arrow_back_ios
Kultur
Eng Welt voller Intrigen
Intrigen ass wuel d'Wuert dat déi nei Produktioun vum Kaleidoskop-Theater am däitlechste beschreift. An dofir ass et schonn e Meeschterwierk, dem Schiller säi "Kabale und Liebe" wou de groussen däitsche Dramatiker déi verschidde Gesiichter vun Intrige weist, a dat bis op déi héchste politesch Niveauen. E Stéck also dat wéi bei villen Klassiker, och nach haut méi wéi aktuell ass. Dem Friedrich Schiller säi Klassiker "Kabale und Liebe" ass zu Beetebuerg am Schlass an enger Mise en scène vun der Heidemarie Gohde ze gesinn.