arrow_back_ios
Klassik aktuell
Piano of Hope
Um Schëff huet HIe scho gespillt a viru Kuerzem och am Funiculaire vum Pafendall erop op de Kierchbierg: Elo geet de Pianist David Ianni mat sengem Instrument op eng Zuchrees. Et ass net iergendee Piano, mee den "Hoffnungspiano": Den David Ianni wëllt Mënsche mat senger Musek Courage maachen an och ganz konkret hëllefen. Dofir ass d'Arrivée vun dëser Zuchrees den 28. Mee, pénktlech fir de World Blood Cancer Day.