Kultur
Mee 68 am LGE
Et ass eng literaresch a musikalesch Zäitrees, an där sech Ausschnëtter aus dem Jhemp Hoscheit sengem Roman "Aacht Deeg an der Woch" mat Musek a Gesang ofwiesselen. "Aacht Deeg an der Woch" ass net just eng engagéiert Chronik iwwer de Mee '68, mee och ee passionéierten Hommage un d'Beatles. Op déi individuell Liewenssituatioun vun de Protagonisten adaptéiert, ëmgedicht oder op lëtzebuergesch iwwersat, komme Beatles Lidder an dëser Liesung net ze kuerz. D'Sophie Thoma war dobäi.