Klassik aktuell
"Clara!" - eng Kompositiounsrees
D'Clara Schumann war dem Robert Schumann seng grouss Stäip - am Liewen an an der Konscht. Déi fantastesch Pianistin huet wéinst de gesellschaftleche Konventioune missen op hir eege musikalesch Carrière verzichten. "Wie gern möcht ich komponieren, doch hier kann ich durchaus nicht ... Ich tröste mich immer damit, daß ich ja ein Frauenzimmer bin, und die sind nicht zum Komponieren geboren.", beklot si sech. Eréischt nom Doud vum Robert Schumann ass d'Clara Schumann regelméisseg als Pianistin opgetrueden an huet sech och als Komponistin een Numm gemaach. "Clara" ass den Titel vun engem Spectacle, deen d'Komponistin Catherine Kontz an d'Pianistin Cathy Krier entwéckelt hunn, an deen iwwermuer Sonndeg an der Philharmonie ze gesinn ass.