Konferenzen
Wien e Liewe rett, dee rett d'Welt
Den Dr. Aristides de Sousa Mendes do Amaral e Abranches (1885-1954) huet am Laf vum Zweete Weltkrich als portugisesche Generalkonsul ëm déi 30.000 Mënsche vun deenen ënnerschiddlechsten Nationalitéite virum sécheren Doud gerett, andeems hien hinnen - géint den ausdrécklechen Uerder vum Diktator Salazar - illegal Visaen ausgestallt huet. Hie gëtt dowéinst och sécherlech mat Recht als Schindler vu Portugal bezeechent. Vu Lëtzebuerger Säit aus verdéngt den Aristides de Sousa Mendes, als laangjärege Generalkonsul, awer ganz besonnesch Unerkennung, well hien niewent enger Rei Matbierger aus Lëtzebuerg, och der groussherzoglecher Famill an der Regierung, no der däitscher Invasioun am Joer 1940, d'Emigratioun an den Exil an Iwwerséi in extremis erméiglecht huet.
E Virtrag vum 19. Mäerz zu Bäreldeng am Clubhaus Am Becheler vum Philolog an Enseignant fir Lëtzebuerger Sprooch, Kultur a Literatur, Jeff Baden.
Opgeholl a verschafft vum Carlo Link.
Flüchtlings-Routen no Frankräich, Spuenien an de Portugal, fir de Kontinent ze verloossen © SOUSA MENDES FOUNDATION
Visa, ënnerschriwwe vum Generalkonsul, Aristides de Sousa Mendes © SOUSA MENDES FOUNDATION
Linken zu der SOUSA MENDES FOUNDATION - Leschte mat de Nimm vun der Groussherzoglecher Famill (1), hirem Begleetpersonal, der Regierung Dupong/Krier (2) an hirer Famill. Si all kruten hir Pabeier, fir den 10. Mee 1940 kënnen iwwer Portugal auszereesen, vum Aristides de Sousa ennerschriwwen.
(1) http://sousamendesfoundation.org/family/luxembourg
(2) http://sousamendesfoundation.org/family/bech-bodson-busch-dupong-elvinger
Jeff Baden, den 19.3.2018 am Clubhaus Am Becheler Foto: Carlo Link