arrow_back_ios
Aktuelles
Cybersecurity-Strategie fir Lëtzebuerg
Ëmmer méi Apparater si mam Internet verbonnen an d'Zuel vun de Cyberattacken hëlt zou. Dofir bräicht Lëtzebuerg eng Cybersecurity-Strategie, sou de Staatsminister Xavier Bettel gëschter virun der Press. Dës Strategie soll tëscht 2018 an 2020 ëmgesat ginn. D'Strategie soll iwwer dräi Achse fonctionnéieren: Digital Kompetenzbildung, Schutz vu kriteschen Infrastrukturen an iwwer d'Cybersécherheet als ekonomesche Facteur. De Chris Zeien informéiert.