arrow_back_ios
Aktuelles
Säbelgerassel bei de Piraten
Gëschter Owend goufen um Landeskongress vun der Piratepartei, am Bouneweger Casino d'Kandidate fir d'Chamberwahlen am Oktober presentéiert. Dorënner 24 Fraen, woumat d'Fraequot vu 40 Prozent erfëllt ass, déi néideg ass, fir déi voll ëffentlech Parteiefinanzéierung ze kréien. Dorënner awer och 15 Kandidate vun der Partei fir integral Demokratie PID - am Mäerz haten déi zwou Parteie jo bekannt ginn, datt si zesummen an d'Chamberwahle géife goen. D'Fanny Kinsch war fir de radio 100,7 op der Plaz.