Aktuelles
Meng Loft
Mat der App Meng Loft kann een zanter gëschter vu sengem Smartphone aus kucken, wéi d'Loftqualitéit dee Moment bei sech ass. Déi offiziell App gouf vum Ëmweltministère an Zesummenaarbecht mat Meteolux entwéckelt. Dräi Facteure gi consideréiert: den Undeel vu Stéckoxiden an der Loft, dee virun allem duerch den Trafic eropgeet, d'Konzentratioun vun Ozon, déi virun allem bei waarmem Wierder an d'Luucht geet an den Undeel vu Stëbspartikelen, dee virun allem am Wanter méi héich ka sinn. D'Fanny Kinsch informéiert.